Super kompetent a sympathesch Fitnesstrainerin!
Ech hunn ëmmer geduecht, ech wier eng onsportlech Persoun. D‘Luisa huet mir gewisen, dass dat net stëmmt an dass Sport mir richteg Spaass maache kann! Dofir sinn ech wierklech dankbar :)
D‘Luisa ass net just eng immens kompetent Trainerin, déi op deng individuell Besoinen ageet an all Übung am Detail erkläert, mee einfach och e mega sympathesche Mënsch mat sou vill positiver Energie! Säi Studio ass an allen Hisiichten e safe space, an deem ee sech gutt opgehuewen a motivéiert fillt. Ech ka FitLab jidderengem nëmme recommandéieren. Merci fir alles, Luisa!! :)








